• Heem
  • Mir sinn
  • Eis Wierker
  • Agenda
  • Shop

(Text: Luc Guillaume)

E gudde Béier no der Aarbecht ass e Liichtbléck fir all Mann
Ei wéi gutt en d’Strass erofleeft wéi vum selwen fléisst e ran
Op e Mini oder en Humpen, d’Haaptsaach kal mat bëssen Schaum
Bréng mer léiwer gläich deen zweeten well soss packen ech et kaum

Jo dem Plëmpert hiren Nilles, hien gëtt mir esou Villes
Hien ass do wann ech e brauch wann och ass d’Loft eraus aus dem Schlauch
Jo dem Plëmpert hiren Nilles, hien gëtt mir esou Villes
En ass do wann ech e brauch wann och ass d’Loft eraus aus dem Schlauch

Oh wéi gutt deet Feierowend an der Wirtschaft hei beim Patt
Du sëtz esou alleng do, komm dach bei eis an drénk mat
Du wäerts dach net scho goen well den Owend fänkt réischt un
Bréng eis léiwer nach en Humpen vun dem schéinen Béierkrunn

Jo dem Plëmpert hiren Nilles, hien gëtt mir esou Villes
Hien ass do wann ech e brauch wann och ass d’Loft eraus aus dem Schlauch
Jo dem Plëmpert hiren Nilles, hien gëtt mir esou Villes
Hien ass do wann ech e brauch wann och ass d’Loft eraus aus dem Schlauch

Lues a lues gëtt et mer warem an den Duuscht dee mellt sech och
A wann s de lo däi Glas hëls, jo dann drénk an engem Zoch
Schléck just emol kräfteg bis dass d’Tréine kommen an d’Aen
A wann s de lo ee räpse muss, jo dann ass dat nach keng Schan

Jo dem Plëmpert hiren Nilles, hien gëtt mir esou Villes
Hien ass do wann ech e brauch wann och ass d’Loft eraus aus dem Schlauch
Jo dem Plëmpert hiren Nilles, hien gëtt mir esou Villes
Hien ass do wann ech e brauch wann och ass d’Loft eraus aus dem Schlauch

No deem drëtten Meter Béier jo do dréckt et mir op d’Blos
Mä deen lei dee geet net pissen, well ech kennen dach meng Mooss
Allez hëpp a virun geet et, nach e leschten fir op d’Rees
Well da fällt et net sou schwéier wann s de dann op d’Heem zou gees

Jo dem Plëmpert hiren Nilles, hien gëtt mir esou Villes
Hien ass do wann ech e brauch wann och ass d’Loft eraus aus dem Schlauch
Jo dem Plëmpert hiren Nilles, hien gëtt mir esou Villes
Hien ass do wann ech e brauch wann och ass d’Loft eraus aus dem Schlauch, aus dem Schlauch

CATEGORIESONGESCHLAFF
  • Heem »
  • Eis Wierker »
  • Ongeschlaff »
  • En Nilles Plëmpert
  • Ongeschlaff
    • En Nilles Plëmpert
    • Schlappentourist
    • De blonde Rom
    • Deng Miissi
    • Den Tun vun der Bunn
    • De Straupejitzert
    • Mausi-Lidd
    • Den ale Jabel
    • De Béier leeft ëmmer
    • D’Geld regéiert d’Welt
  • Mat schréips an Téitsch
    • Sportslidd
    • Den aarme Geescht
    • Jumbogang
    • Du bass gutt geroden
    • Béier a Frënn
    • D’Liewen ass kee Kichelchen
    • Alzenger Oktoberfest
    • Bauer sinn
    • Moossaarbecht
    • De friemen Uji vun Tënten
    • Ech ginn
    • Merci
    • Et ass net schlëmm
    • Lausbouwentricken
    • Et knirscht

Agenda:

  • Momentan steet naischt op der Lee

Froen oder Komentarer? Scheckt eis se:

Dëppegéisser a.s.b.l.
76 rue du Scheid
6996 Oberanven
Luxembourg
@deppegeisser
 instagram.com/deppegeisser
 facebook.com/deppegeisser
© Dëppegéisser asbl. All rights reserved.