• Heem
  • Mir sinn
  • Eis Wierker
  • Agenda
  • Shop

(Text : Michel Guillaume)

Du solls dach net op deng Füllfieder bäissen
Net an d`Poubelle deng Botterschmier schmäissen
Net op de Knéie ronderëm rutschen
An endlech ophalen, den Daum ze lutschen ze lutschen, den Daum ze lutschen ze lutschen

Du solls net dem Noper deng Zong erausstrecken
Pass op mat der Tusch dat ginn erëm Flecken
Alt schonn erëm deng Schachtel verluer
An dat alles haut, a wat kënnt muer wat kënnt muer, a wat kënnt muer wat kënnt muer

Oh Upsi, eehm dat war ech net, eehm, jo wierklech net

Et ass net schlëmm, wann emol d`Box kraacht
Net schlëmm wann Nutella, besser wéi Zalot schmaacht
Et ass net schlëmm, wann alt rëm e Glas gebrach
Well am Buttek sou sot meng Bomi, do ginn et der nach, ginn ‘t der nach, do ginn et der nach, ginn ‘t der nach

Du solls ëmmer roueg am Bus do sëtzen
Wann d`Joffer schwätzt de Mond zoupëtzen
Komm rof vum Bam soss fäls de nach
Oh nee, an deem neien Jogging schonn e Lach, schonn e Lach, oh neen,schonn e Lach, den neien Jogging…

Een Af mécht der honnert an d`Box gedonnert !
Wann s du lo kräischs sief net verwonnert
Net sou séier lafe soss fäls de op d`Bomm
An Zack ! Deen neie Brëll kromm Brëll kromm, deen neie Brëll kromm , Brëll kromm

Oh Upsi, eehm dat war ech net, eehm, jo wierklech net

Et ass net schlëmm, wann emol d`Box kraacht
Net schlëmm wann Nutella, besser wéi Zalot schmaacht
Et ass net schlëmm, wann alt rëm e Glas gebrach
Well am Buttek sou sot meng Bomi, do ginn et der nach, ginn ‘t der nach, do ginn et der nach, ginn ‘t der nach

Oh Upsi, eehm dat war ech net, eehm, jo wierklech net

Et ass net schlëmm, wann emol d`Box kraacht
Net schlëmm wann Nutella, besser wéi Zalot schmaacht
Et ass net schlëmm, wann alt rëm e Glas gebrach
Well am Buttek sou sot meng Bomi, do ginn et der nach, ginn ‘t der nach, do ginn et der nach, ginn ‘t der nach

  • Heem »
  • Eis Wierker »
  • Mat schréips an Téitsch »
  • Et ass net schlëmm
  • Ongeschlaff
    • En Nilles Plëmpert
    • Schlappentourist
    • De blonde Rom
    • Deng Miissi
    • Den Tun vun der Bunn
    • De Straupejitzert
    • Mausi-Lidd
    • Den ale Jabel
    • De Béier leeft ëmmer
    • D’Geld regéiert d’Welt
  • Mat schréips an Téitsch
    • Sportslidd
    • Den aarme Geescht
    • Jumbogang
    • Du bass gutt geroden
    • Béier a Frënn
    • D’Liewen ass kee Kichelchen
    • Alzenger Oktoberfest
    • Bauer sinn
    • Moossaarbecht
    • De friemen Uji vun Tënten
    • Ech ginn
    • Merci
    • Et ass net schlëmm
    • Lausbouwentricken
    • Et knirscht

Agenda:

  • Momentan steet naischt op der Lee

Froen oder Komentarer? Scheckt eis se:

Dëppegéisser a.s.b.l.
76 rue du Scheid
6996 Oberanven
Luxembourg
@deppegeisser
 instagram.com/deppegeisser
 facebook.com/deppegeisser
© Dëppegéisser asbl. All rights reserved.