• Heem
  • Mir sinn
  • Eis Wierker
  • Agenda
  • Shop

(Text: Michel Guillaume)

Du bass de wäissen Hai a mengem Goldfëschglas
Wann iwwer d`Strooss ech ginn da gëss du richteg Gas
Du bass de Blatz a mengem Aan, wann ech opstinn
Et ass scho gutt, ech gin.

U menger décker Zéif bass du mäin Kréienaan
Wann ech de Bak opdinn da kréien ech eng gehan.
Du hues mäi Goss mäi Frick, de Benz hunn ech dir ginn
Et ass scho gutt, ech ginn.

A mengem Ënnerleif bass du mäi Galesteen
Wann ech dech kussen wëll spieren ech am Mo däi Been.
A wann ech virun denger Dier, am Reen do stinn
Et ass scho gutt, ech ginn.

Du bass de Mädrescher a mengem Roggefeld
Aus mengem Portmonni hues du scho laang mäi Geld.
A wann ech aarme Wiermchen lo ganz alleng hei stinn
Et ass scho gutt ech ginn, et ass scho gutt ech ginn.

  • Heem »
  • Eis Wierker »
  • Mat schréips an Téitsch »
  • Ech ginn
  • Ongeschlaff
    • En Nilles Plëmpert
    • Schlappentourist
    • De blonde Rom
    • Deng Miissi
    • Den Tun vun der Bunn
    • De Straupejitzert
    • Mausi-Lidd
    • Den ale Jabel
    • De Béier leeft ëmmer
    • D’Geld regéiert d’Welt
  • Mat schréips an Téitsch
    • Sportslidd
    • Den aarme Geescht
    • Jumbogang
    • Du bass gutt geroden
    • Béier a Frënn
    • D’Liewen ass kee Kichelchen
    • Alzenger Oktoberfest
    • Bauer sinn
    • Moossaarbecht
    • De friemen Uji vun Tënten
    • Ech ginn
    • Merci
    • Et ass net schlëmm
    • Lausbouwentricken
    • Et knirscht

Agenda:

  • Momentan steet naischt op der Lee

Froen oder Komentarer? Scheckt eis se:

Dëppegéisser a.s.b.l.
76 rue du Scheid
6996 Oberanven
Luxembourg
@deppegeisser
 instagram.com/deppegeisser
 facebook.com/deppegeisser
© Dëppegéisser asbl. All rights reserved.