• Heem
  • Mir sinn
  • Eis Wierker
  • Agenda
  • Shop

(Text: Luc Guillaume)

De Speck dee quetschen ech an d’Liederbexi ran
Well a mäi Dirnd’l passen ech net méi dran
Den Hittchen un an de Gamsbaart gekämmt
Gëtt lo gläich deen éischte Krou gestemmt

Um Alzenger Oktoberfest do halen ech mech um Béier fest
A fält mäi Maass mol ëm, t gëtt een neien t ass net schlëmm

De Emzuch man ech dest Joer net méi matt
Well no 100 Meter ass mäin Akku platt
Ech hocke mech léiwer an d’Zelt bei de Krunn
A strécken mir gemelleg dann eng un

Um Alzenger Oktoberfest do halen ech mech um Béier fest
A fält mäi Maass mol ëm, t gëtt een neien t ass net schlëmm

Jo hei zu Alzeng drénkt deen een deem aneren zou
Gedanzt a geschunkelt gëtt hei souwisou
Ein Prosit, de Kouer dee séngt
Dass d’Sonn an den Häezer am Uelzechtdall schéngt

Um Alzenger Oktoberfest do halen ech mech um Béier fest
A fält mäi Maass mol ëm, t gëtt een neien t ass net schlëmm

Ass dat Faass da geplëmmt, dat mécht dach näischt mir kommen d’nächst Joer erëm

Um Alzenger Oktoberfest do halen ech mech um Béier fest
A fält mäi Maass mol ëm, t gëtt een neien t ass net schlëmm

  • Heem »
  • Eis Wierker »
  • Mat schréips an Téitsch »
  • Alzenger Oktoberfest
  • Ongeschlaff
    • En Nilles Plëmpert
    • Schlappentourist
    • De blonde Rom
    • Deng Miissi
    • Den Tun vun der Bunn
    • De Straupejitzert
    • Mausi-Lidd
    • Den ale Jabel
    • De Béier leeft ëmmer
    • D’Geld regéiert d’Welt
  • Mat schréips an Téitsch
    • Sportslidd
    • Den aarme Geescht
    • Jumbogang
    • Du bass gutt geroden
    • Béier a Frënn
    • D’Liewen ass kee Kichelchen
    • Alzenger Oktoberfest
    • Bauer sinn
    • Moossaarbecht
    • De friemen Uji vun Tënten
    • Ech ginn
    • Merci
    • Et ass net schlëmm
    • Lausbouwentricken
    • Et knirscht

Agenda:

  • Momentan steet naischt op der Lee

Froen oder Komentarer? Scheckt eis se:

Dëppegéisser a.s.b.l.
76 rue du Scheid
6996 Oberanven
Luxembourg
@deppegeisser
 instagram.com/deppegeisser
 facebook.com/deppegeisser
© Dëppegéisser asbl. All rights reserved.