Monarchie

Text: Michel & Luc Guillaume

Eng Monarchie, wat ass dann dat?
E Chef mat enger Kroun
Den Iewechsten vun eisem Staat
Mat Palais, Schlass an Troun

E mëscht sech awer seelen an
E kënnt aus guddem Haus
D’Regierung schafft a sengem Numm
Politesch ass e raus

Mä sténken d’Lompe mol ze vill
Ass Zodi um Krautmaart
An der Chamber fléien d’Still
Eng Neiwal déi gëtt haart

Mir liewen an der Monarchie, spannend mä wat leeft?
Ech wëll dat gär verstoen, wiem een da lo gleeft?
Der Première oder Premier, dem Grand-Duc, wiem da lo?
D`Mëschung dat ass d`Äntwert, op des schwéier Fro

D’Verfassung dat ass d’Reegelbuch
Wat däerf en a wat net
De Maréchal vu sengem Haff
Begleet op Schrëtt an Trëtt

Vill Reese mécht e ronderëm d’Welt
E Branding fir eist Land
Dat bereet him ganz vill Freed
A mécht eis méi bekannt

De Groussherzog huet ausgesuergt
Well Kanner huet e vill
Deen éischten an der Rei kënnt drun
D’Kroun bleift an der Famill

Mir liewen an der Monarchie, spannend mä wat leeft?
Ech wëll dat gär verstoen, wiem een da lo gleeft?
Der Première oder Premier, dem Grand-Duc, wiem da lo?
D`Mëschung dat ass d`Äntwert, op des schwéier Fro

Als eenzege Grand-Duc weltwäit
En Unikat seet een
Am Numm de son Altesse Royal
Vergësst sou séier keen

Am Juni jo do ass säin Dag
Vive den Heng gëtt do gebläert
Owes e grousst Fest gemaach
Dat gouf scho laang gekläert

Ob Wëllem, Adolphe, Adelhaid
Ob Charlotte, Jang Henri
Onofhängeg wëll‘ mer bleiwen
An d’Fräiheetssonn gesinn